Page 33 - testmergebrochureV0704_2
P. 33
Wa mir iwwert de Comité schwätzen da solle mer direkt op dëser
Plaz e puer Wuert iwwert eis Presidente verléieren. Si sinn ganz
kloer Personalitéiten an engem Veräin déi matentscheedent sinn
wou de Veräin hi steiert, wéi en sech entwéckelt a wéi et em
finanziel geet. Ee gutt Versteesdemech ënnert dem President,
sengem Komite an dem Dirigent ass matentscheedent fir de Succès.
An de Bicher gesi mer datt d'Presidenten och oft de Veraïn finanziell
gutt ennerstëtzt hunn, heiansdo souguer mat méi engem héije
Betrag wéi de Subside vun der Gemeng oder der Regierung. Sécher
wor et net ëmmer einfach an deenen schwiegere Joren, wéi an den
2 Weltkricher, awer och manner schwiereg Joren well do geet et jo
gutt a firwat soll d'Musek ennerstëtzt ginn, de Veräin ze féieren.
Jiddweree vun hinnen hat secherlech eppes wou e sech mat
Häerzblut dofir agesat huet. Beim éischte wor et secher fir de Veräin
mol richteg un d'Lafen ze kréien, a déi néideg Strukturen ze
schaffen. Duerno ass sech em een éigene Prouwsall staark gemaach
ginn. Dat sozialt Veräinsliewen wor och ëmmer wichteg, an all
Initativ sollt dozou baidroen fir datt d'Musikgesellschaft sech och
sollt musikalesch weiderentwéckelen.
Kucke mer zréck op déi lescht 25 Joer da sollt ee bei dëser
Geleeënheet ganz besonnesch déi laang Amtszäit vun 28 Joer
ernimmen, wou de Victor Christophe de Veräin présidéiert huet a
mat senger Equipe verschidden wichteg Uleiesse vum Veräin konnt
ëmsetzen. Een vu villen annere Schafferten an dëser Equipe wor
sécherlech de Fränz Fonck a senger Fonktioun als Vizepresident a
Sekretair.
De Gerard Louis deen zënter 2010 als Member vum Comité aktiv
ass, huet Presidentschaft 2014 iwwerholl. All gutt Iddien an
Initiativen aus de virege Joren si vun him iwwerholl ginn, an
zousetzlech ass sech staark gemaach ginn fir eng méi dynamesch
d'Jugenarbescht, déi der Zäit ugepasst huet misse ginn.