Page 32 - testmergebrochureV0704_2
P. 32
D'Awunnerzuel zu Leideleng wor an de leschte Jore gewuess,
verschidden aner Veräiner grëndt ginn, wéi d'Pomjeeën an de
Gesangsveräin (nach net offiziell mat Statuten), a sou hu sech
schonns en etlech Leit zesumme fond wéi am Mee 1893 am
deemolege Café Nicolas Biwer, genannt «a Jacquen» eng
Grënnungsversammlung fir e Museksveräin aberuff ginn ass.
Grënnungsmemberen woren; Pierre NEYEN, Pierre LEHNERTZ, Nic
BOUSSER, Dominique GOERENS, Nic BIWER, Jean-Nicolas CONTER,
Aloyse CONTER, Nic SEILER, Edurad LAHYR, Jacques MEYER, Jacques
FISCHBACH, Michel BAUER, Dominique KREMER, Jacques WIWENES,
Jean KIRPACH an Dominique NEY.
Bei Geleeënheet vun der Grënnungsversammlung ass dunn och
deen éischte Comité gewielt ginn: Président: Dominique GOERENS,
Vize Président: Nic BIWER, Secrétaire a Keessier: Pierre NEYEN. De
neie Veräin war gegrëndt a krut de Numm « Fanfare de
Leudelange».