Page 94 - testmergebrochureV0604
P. 94

Mir däerfen net vergiessen datt et sech hei ëm Amateursmuseker
            handelt! 98 Prouwen dat heescht 2-3 Prouwen an der Woch, 2-3
            Owenter wou d’ Leit bereet sinn fir sech mat de Kollegen zesummen
            ze setzen an ze üben während enger fester Zäit. An dann nach
            d’Prouwen doheem.

            Wa   virun   20   Joer   den   Nowuess   ee   Problem   war   well   d’
            Musekserzéiung zentraliséiert war, dann ass haut de Problem, dat
            vill   Jonker   sech   net   méi   wëllen   engagéieren   an   deen   doraus
            resultéierende Pensum u Prouwen net méi wëllen op sech huelen. Si
            léieren hiert  Instrument am Conservatoire mee wëllen net nach
            zousätzlech an d’ Prouwen vun der Musek goen: si hëllefen mol aus,
            mee si wëlle keen dauerhaft Engagement doraus maachen. Hei geet
            et den Harmonie a Fanfaren net besser wéi de Sportsveräiner. Sech
            dauerhaft engagéieren ass net méi ugesot.



            An dat gëllt net nëmme vir d’ Museker; och den Dirigentenowuess
            ass am Ament ee Problem, fir deen d’ UGDA no Léisunge sicht.




                4.  Schlusswuert

            Wat wier eis Kultur a wat wieren déi ganz kulturell Institutiounen
            ouni den Asaz vun esou Amateursveräiner? Wann ee bedenkt wéi
            grouss d’ Offer u Concerten (passiv an interaktiv) an deene lescht
            Joer ginn ass, esou kann een sech kaum virstellen datt et fir dës
            Offer   géif eng Clientèle ginn wann Harmonien, Philharmonien a
            Fanfaren iwwert Land hiren Memberen net   ëmmer erëm géifen
            d’Loscht   um   Musek   maachen   a   Musek   lauschtere   vermëttelen.
            Andeems  si  sech  selwer  ëmmer  erëm  erausfuerderen  mat  neie
            Programmer fir hier Concerten, Arrangementer déi deels mussen
            vun   den   Dirigenten   selwer   geschriwwe   ginn,  erweidert   hei   eng
            Generatioun Museker no der anerer hiert Verständnis fir Musek, a
            mécht virwëtzeg op Musek allgemeng.
   89   90   91   92   93   94   95   96   97   98   99