Page 89 - testmergebrochureV0604
P. 89
Iwwert d’ Joren ass d’ Lidd ëmmer erëm erweidert ginn: 1939, am
Kader vun de Feierlechkeeten zu 100 Joer Onofhängegkeet, kënnt
eng Stroph dobäi; 1944 gëtt eng nei Stroph iwwert Radio BBC
London verëffentlecht an dann gëtt et nach eng 7t Stroph, wou den
Auteur leider net bekannt ass.
Et soll allerdéngs laang daueren, bis datt dëst Nationallidd definitiv
Nationalhymn gëtt. 1972, beim Gesetz zu den « Emblèmes
nationaux » (Wopen a Fändelen), gëtt d’ Nationalhymn einfach
vergiess! Eréischt 1993, no der Phas vun der Renationaliséierung
(1984), an no de Feierlechkeeten zu den 150 Joer Onofhängegkeet
(1989), gëtt “Ons Heemecht” offiziell per Gesetz als Nationalhymn
deklaréiert.
Museken ab 1864
Lëtzebuerg gëtt an deene nächste Joer ëmmer erëm zum Tennisball
vun den Nopeschnatiounen. 1867 gëtt am 2te Londoner Vertrag
erëm d’ Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg festgehalen, nodeem de
Willhem III. Lëtzebuerg wëllt un de Napoléon III. verkafen. An 1870
engagéiert sech d’ ALM fir eng Petitioun ze organiséieren wou
45.000 Ënnerschrëfte gesammelt ginn, déi kloer Positioun huelen,
datt Lëtzebuerger keng “Preise”(Preussen) wëlle ginn.