Page 85 - testmergebrochureV0604
P. 85
verschidden Industrie-Familljen bäi (z.B. Famill Thilges), bei deenen
Musek souwisou eng wichteg Roll spillt an déi verstanen hunn, datt
Musek hire Mataarbechter hirem Liewen eng zousätzlech Qualitéit
ka ginn.
1830 – Belsch Revolutioun: Belsch sinn net ëmmer averstane mam
Wilhelm dem I., a wëllen onofhängeg ginn. Och Lëtzebuerger hunn
sech der Revolutioun ugeschloss (wien well schonns Hollännesch
schwätzen an de Protestantesche Glawen unhuelen) an 1831 leet
den Léopold I. den Eed op déi Belsch Verfassung of. Mir sinn no der
franséischer Revolutioun an awer gëtt een neit Land gegrënnt wou
an der Verfassung eng Monarchie drasteet. Sécher – de Kinnek ass
net méi d'iewescht “Oberhaupt” vum Stat, nee, de belsche Kinnek
ass “Roi des Belges”. Et gëtt also kloer an der Constitutioun
festgehalen, dat hien duerch säi Vollek un d’Muecht komm ass.
1836 kritt d’ Fiels hir éischt Musek. De Grënner ass den Här Jean-
Baptiste Zinnen (Papp vum Jean-Antoine Zinnen).
1839 ass et endlech esou wäit: duerch den éischten Londoner
Vertrag ginn d’Grenze vu Lëtzebuerg, esou wéi mir se haut kënnen,
definéiert: dee franséischen Deel fält un d’ Belsch an d’
Groussherzogtum (“die rein moselfränkisch sprechende Osthälfte)
bleift am Däitsche Bond, a gëtt vun den Hollänner regéiert. D’Stad
Lëtzebuerg bleift eng preisesch Garnisoun.
1848 – Revolutioun an Däitschland a Frankräich: och d’ Lëtzebuerger
sinn onzefridden an ginn op d’ Strooss. An de Wilhelm II erkennt
datt hie muss mat der Zäit goen an ass esouguer bereet fir de
Lëtzebuerger eng eege Verfassung ze ginn, déi den 23. Juni 1848 zu
Ettelbréck adoptéiert gëtt. (1 Joer méi spéit léisst de Willem III. se
erëm annuléieren – et war eben eng Spillerei vu 1848 di net fir
eescht ze huelen ass...).

