Page 86 - testmergebrochureV0604
P. 86
Bei der Revolutioun an den Demonstratiounen sinn natierlech och
ganz vill Chéier a Museker, déi mat de Revolutionäre matginn. Esou
kënnt et 1848 zu der Grënnung vun der Veianer Musek an 1851 zur
Grënnung vun der Clausener Musek. Dës geet ursprénglech aus der
Musek vun de Pompjeeën ervir (Museker vun der Garnisounsmusek
vun der Stad Lëtzebuerg spillen hei eng wichteg Roll). Ënnerstëtzung
fënnt d’ Clausener Musek awer virun allem bei deenen etleche
Geschäftsleit a Betriber déi et a Clausen gëtt. Ënnert de Fondateurs
Memberen fanne mir ënner anerem d’ Famill Funck, déi schonns säit
1764 Braumeeschtere a Clausen waren, an d’ Famill Willhelm,
Grënner vun enger grousser Bamschoul mat internationalem Ruff
déi a Clausen hire Setz huet.
Ausserdeem gëtt 1851 de Pompjeescorps Gronn-Pafendall an
d'Liewe geruff, wou 1852 e Gesangveräin an eng Fanfare dobäi
kommen. Grënner ass hei den Auguste Fischer, Deputéierten a
Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg, an Enkel vun der Giewerfamill
Thilges, déi 1794 dru bedeelegt waren fir d’ Musek zu Wooltz an d’
Liewen ze ruffen.
1852 kommen déi ganz Museken a Chéier dann di éischte Kéier
zesummen fir den “Erster Luxemburger Gesangs- und
Musikconcours”. Hei trieden och déi Ettelbrécker un mat engem
Männerchouer a well si esou gutt ofschléissen, kënnt et nach am
selwechte Joer zur Grënnung vun der Ettelbrécker Musek.
Un Hand vun der Ettelbrécker Musek wëll ech eng Kéier kuerz op déi
Elementer agoen, déi zu der Grënnung vun der Musek bäigedroen
hunn:
- Ettelbréck ass zu dësem Zäitpunkt schonns ee
kommerziellen Zentrum: hei wunne keng Baueren, mee
Händler a Beamten. Eng grouss Source fir d’ Akommes a fir
de Wuelstand vun den Ettelbrécker bidden natierlech d’