Page 83 - testmergebrochureV0604
P. 83
Musek zu Lëtzebuerg
E klengen Iwwerbléck an d'Geschicht vun de Museken, Fanfaren,
Harmonien a Philharmonien hei zu Lëtzebuerg.
1. Aféierung.
Fir een, deen an der Kultur schafft, all Dag domat ze dinn huet
Evenementer ze organiséieren, misst et jo awer eng liicht Affär sinn
sech een Thema eraus ze sichen, fir e flotte Bäitrag iwwert Musek
hei zu Lëtzebuerg ze schreiwen. Lëtzebuerger Musek a Museker, ob
Jazz , Pop, Rock oder klassesch, leien op der Hand.
An awer ass dat net dat wat ech wëll maachen. Wéi oft bemierkt
ginn ass, gëtt doriwwer vill geschwat an nach méi dran investéiert.
An dat ass och net d'Basis vun der Musekszeen hei zu Lëtzebuerg.
D’ Basis leit vill méi laang geleeën, an den Dierfer, an de Stied, wou
d’ Leit sech zesumme gesat hunn fir Musek ze maachen. An aus
esou Gemeinschaften ass iergendwann ee Veräin entstanen. Dës
Veräiner, Museken, Fanfaren, Harmonien oder Philharmonien, a wéi
se och nach heeschen, si fir mech de Grondsteen fir ee grousse
kulturellen a musikaleschen Interessi, deen net einfach a
verschiddenen elitäre Kreesser hänke bliwwen ass, mee sech bis
haut duerch all sozial Schichten zitt.
2. Entstoen an Entwécklung vun de Museken an hirem
historeschen Kontext
Wann ee kuckt wéini di éischt Museken entstane sinn, muss ee sech
onbedéngt den historesch Hannergrond an deem dëst geschitt ass
ukucken.