Page 88 - testmergebrochureV0604
P. 88
1864
- ee grousst Volleksfest an d’ Uropféierung vun “Ons Heemecht”
Fir seng Grënnung ze feieren, invitéiert d’ ALM fir den 5. Juni 1864
all seng Memberen op Ettelbréck fir ee grousst Fest ze feieren. Fir
den Transport vun deene 550 Sänger an 240 Museker gi Spezialzich
agesat. D’ Fest besteet aus engem grousse Concert wou all Veräiner
kënne weise wat si kënnen – et gëtt gesongen, et gëtt musizéiert. Als
zweet lescht Lidd steet een neit Wierk vum Jean-Antoine Zinnen
(Musek) an dem Michel Lentz (Text) um Programm: Ons Heemecht.
Et ass dat eenzegt Lidd dat deen Dag a Lëtzebuerger Sprooch
gesonge gëtt, dofir awer vun alle Sänger déi ugetruede sinn.
D’ Lidd gëtt mat senge 4 Strophen uropgeféiert an ass direkt een
Erfolleg an entwéckelt sech séier zu engem vun de Nationallidder,
niewent dem Feierwon. Als Nationalhymn setzt sech « Ons
Heemecht » allerdéngs eréischt nom éischte Weltkrich duerch. Och
wa béid Lidder ähnlech patriotesch Texter hunn, esou ass deen vum
Feierwon dach staark un Zäit vu senger Kompositioun gebonnen. Et
geet ëm déi Zäit wou Lëtzebuerg, duerch d’ Eisebunn, méi no un den
Zollveräin erukënnt, wou d’ Liewen mat Frankräich an der Belsch
méi enk ginn, an d’ Lëtzebuerger awer Wäert drop leeën, dat
jiddereen hier Onofhängegkeet akzeptéiert a respektéiert.
Den Text vun der Heemecht ass do schonns méi neutral – et ass eng
Beschreiwung vum Land, a senge Géigenden. (De Minett, deen et zu
dëser Zäit nach net ginn ass, gëtt also och net beschriwwen). An der
leschter Stroph weist de Michel Lentz a sengem Text op alles hinn,
wat d’ Lëtzebuerger matgemaach hunn an freet datt hien do uewen
op d’ Lëtzebuerger oppasst, an hier Onofhängegkeet erhale soll. Dës
lescht Stroph verléiert duerch d’ Geschicht vum Land ni wierklech un
Aktualitéit.