Page 92 - testmergebrochureV0604
P. 92
Musek maachen wann een net weess op ee muer nach eng sécher
Plaz huet? Net all Musek iwwerlieft. Verschiddener decidéieren, datt
et Zäit ass fir sech zesummenzesetzen an aus 2 Museken 1 ze
maachen, anerer bréngen et fäerdeg fir ze iwwerliewen an esouguer
no der Kris nach méi grouss do ze stoen ewéi virdrun. Als gutt
Beispill muss een hei sécherlech d’ Harmonie Municipale
Esch/Alzette uginn, déi 1971, kuerz virun der Kris, de Georges
Wagner als neien Dirigent engagéiert, an hie wäert duerch déi
schwéier Zäiten, während knapp 40 Joer, d’ Harmonie vun
Héichpunkt zu Héichpunkt lenken.
Mee net nëmme wirtschaftlech Problemer maachen de Museken d’
Liewe schwéier. An den 80er Joer gëtt d’ Musekserzéiung ëmmer
méi zentraliséiert: an de Conservatoiren vun Esch, Lëtzebuerg Stad
an Ettelbréck gi sécherlech all Coursen ugebueden mee wéi kommen
d’ Schüler an dës Zentren? Lokal gëtt et ëmmer méi schwéier fir
Fräiwëlleger ze fannen, di bereet sinn fir d’ Musikante vun deenen
etleche Fanfaren an Harmonien ze ënnerriichten?
Zum Gléck gëtt am Abrëll 1989 ee Gesetz gestëmmt, dat et der
UGDA erméiglecht fir mat de Gemengen Konventiounen ze
ënnerschreiwen an esou kënnen erëm lokal Coursen ugebueden
ginn vu Leit déi elo den Status vum Gemengebeamte kréien. Vun
15.000 Conservatoires-Schüler, gëtt haut ronn 1/3 an 60 Gemengen
forméiert. A fir dëst ze erméiglechen, si ronn 200
Gemengemataarbechter am Asaz.
An dann ass do och nach den humane Faktor, deen ëmmer erëm
dozou bäidréit, dat eng Erfollegsgeschichte vun enger oder méi
Museken net ganz lineaire verlafen. Et gëtt ëmmer erëm Héichten
an Déiften, déi mat der Struktur vun der Musek u sech ze dinn hunn.
Mir däerfen net vergiessen, datt et sech hei ëm Associatiounen
handelt déi vun Amateuren gedroen ginn. An hiren, méi oder
manner, groussen Erfolleg baséiert oft op Memberen un der Spëtzt,
déi d’ Musek, iwwert d’ Uertschaft eraus, representéieren, also ee