Page 93 - testmergebrochureV0604
P. 93

gewëssen Charisma mat sech bréngen. Un éischter Stell fungéieren
            do sécherlech de President an den Dirigent. Hei kënne, jee no
            Charakter, fantastesch Zesummenaarbechten entstoen, mee jee no
            Charakter besteet hei och ee grousse Konfliktpotential. A ganz oft
            fënnt een an de Geschichten vun deene verschiddenen Museken,
            datt no engem charismateschen President, den wousst wéi een déi
            néideg Fërderung lokal oder national fir de Veräin ka kréien, oder no
            engem Dirigent dee Museker mat neie Stécker aus der Reserve ze
            brénge wousst, dës Musek an ee Lach ka falen, wéi wann et hinnen
            géif un enger Stäip feelen. An esou definéieren sech haut nach
            Museken iwwert hire President oder hiren Dirigent. Rezent Beispill
            ass am Ament déi Dikrecher Musek, wou den Erny Hammes 2016 de
            Posten vum Dirigent iwwerholl huet. Mir wäerte gespaant kucken
            wou déi Musek an deene nächste Joren wäert higoen.


                3.  Aufgaben an Erausfuerderungen vun de Museken haut

            Am Virwuert vum Buch zum 150 Gebuertsdag vun der Philharmonie
            Grand-Ducale   et   Municipale   Ettelbréck   geet   d’   Madame   Erna
            Hennicot-Schoepges   op   d’   Jugendaarbecht   an,   déi   vun   der
            Philharmonie gemaach gëtt. Eng Fanfare, eng Philharmonie ass net
            nëmmen eng zesummegewierfelt Band vu Leit di sech treffen fir
            Musek ze maachen a fir vun Zäit zu Zäit ee Concert ze organiséieren
            oder un engem Concours deelzehuelen. Hei gëtt ganz vill Aarbecht
            am Jugendberäich gemaach. D’ Harmonie iwwerhëlt d’ Roll vum
            Educateur, an dat net nëmmen wat d’ Instrument ugeet, hei ginn
            och Valeuren vermëttelt: Frëndschaft, Verantwortung an Toleranz.
            Ouni dës Valeuren kann eng Musek net funktionéieren.


            A wat wier Duerf- a Gemengeliewen haut ouni Musek? Si si präsent
            op   all   Kiermes,   Fest,  zum   Deel   esouguer   Hochzäiten,
            Nationalfeierdag oder soss Feierlechkeeten déi et musikalesch ze
            encadréiere gëllt.Um Beispill vun der Escher Harmonie Muncipale
            kann een gesinn wéi hier Aktivitéit am Joer 2012 ausgesinn huet: 9
            Concerten, 11 Cortègen begleet, 98 Prouwen, 7 Hämmelsmärsch!
   88   89   90   91   92   93   94   95   96   97   98