Page 91 - testmergebrochureV0604
P. 91

Et entwéckelt sech ëmmer méi ee Gefill vun nationaler Eenegkeet.
            Dem Land geet et ëmmer besser: Eisenäerz gëtt am Süden vum Land
            entdeckt, an si fänken un iwwerierdesch ofzebauen. Och wann d’
            Qualitéit vum Eisen nach net ideal ass, esou entwéckelt sech och dës
            Géigend rapid, a mat dem industrielle Fortschrëtt di sech och hei
            Aarbechter zesummen an grënnen déi éischt Museken: 1871, an
            dem   Joer   wou   de   Friddensvertrag  tëschent   de   Preisen   an   de
            Fransousen ënnerschriwwe gëtt, grënnen e puer Lëtzebuerger mat
            hiren italieneschen Kollegen d’Harmonie Municipale Esch/Alzette.
            1872 ass d ’Joer vun der Grënnung vun der Harmonie Municipale
            Péiteng an 1891 gëtt Harmonie Municipale Rëmeleng gegrënnt, fir
            nëmmen e puer Beispiller ze nennen.

            Et geet elo Schlag op Schlag an 1883, 19 Joer no hirem grousse Fest,
            huet   d’   ALM   126   Memberen.   Museke   sinn   also   ee   wichtegen
            Bestanddeel   vum   soziokulturelle   Liewen   ginn.   Kee   Fest,   keng
            Kiermes, keng Hochzäit ouni den Asaz vun der lokaler Musek. Mir
            sinn also aus dem Bourgeoisen oder nei-räichen Kader erauskomm,
            a Musek, souwéi d'Musekserzéiung sinn aus dem Liewen vun de
            Leit,   sief   et   Aarbechter,   Bauer   oder   Beamten,   net   méi
            ewechzedenken. Jiddereen huet Zougang , esouguer Fraen. Ab 1896
            ginn et Texter wou dokumentéiert ass, dat och Fraen mat an d’
            Veräinsaktivitéit agebonne sinn.


            20t Joerhonnert bis haut

            Di éischt Halschent vum 20te Joerhonnert ass och fir d’ Museke vun
            de Weltkricher markéiert. Net nëmmen mussen eis Jongen an de
            Krich   zéien   an   d’   Lëtzebuerger   sech   ëm   di   néidegst   Saache
            këmmeren fir ze iwwerliewen, mee am 2te Weltkrich decidéiert d’
            UGDA esouguer sech opzeléisen, an dëst fir net mussen mat der
            däitscher   Besatzungsmuecht   zesummen   ze   schaffen.   Déi   zweet
            Halschent vum 20te Joerhonnert ass duerch wirtschaftlech Héichten
            an Déifte markéiert. Nom Opschwong aus den 50er a 60er, kënnt d’
            Kris an der Eisenindustrie an de 70er. Wëll een eigentlech nach
   86   87   88   89   90   91   92   93   94   95   96