Page 87 - testmergebrochureV0604
P. 87
Baueren aus dem Éislek, déi hei akafen kommen oder dat
produzéiert verkafen. E gewëssent Biergertum mécht sech breet,
dat d‘ Geleeënheet huet fir sech der Musek ze widmen an dat
och Fester feiert déi musikalesch encadréiert musse ginn.
Eng wichteg Roll spillen zu Ettelbréck och de Vicar Viktor
Müllendorf an den Organist Michael Hermesdorff. Allen
zwee sinn si Musek begeeschtert: virun allem den
Hermesdorff (gebierteg vun Tréier) war Domorganist an
huet sech allgemeng fir Musekswëssenschaften
interesséiert. Zesummen hunn déi zwee et fäerdeg bruecht,
datt den Organist net nëmmen fir d’ Kierch schafft, mee och
fir Musek a Gesang an der Schoul zoustänneg gëtt, an dofir
och eng Pai kritt
Education musicale gëtt also fréi ee feste Bestanddeel vum
Schoulunterrecht zu Ettelbréck. An dës Roll hat den Organist
bis 1910!
1859 kënnt d’ Eisebunn an d’ Land – den Michel Lentz
dokumentéiert dëst mat sengem Lidd “de Feierwon”. E grousse
Moment fir d’ Land. Lëtzebuerg ass elo mat Däitschland, Frankräich
a der Belsch per Zuch verbonnen, wat ouni Zweiwel ee groussen
Impakt op déi kommerziell Aktivitéit vu Lëtzebuerg, an deemno och
op säi Wuelstand huet.
1863 kënnt dann d’ Grënnung vum “Allgemeiner Luxemburger
Musiverein” (ALM), de Virgänger vun der UGDA (Union Grand-Duc
Adolphe). Dës Grënnung geet op de Jean-Antoine Zinnen zeréck,
éischten Direkter vum Stater Conservatoire, deem et sécher um
Häerz läit fir deene 26 Museken a Gesangsveräiner uechtert Land,
déi bei der Grënnung dobäi sinn, ee roude Fuedem ze ginn, kloer
definéiert Kritären no deene si solle schaffen an no deene si an
deenen etleche Concoursen, national an international, och bewäert
ginn.