Page 84 - testmergebrochureV0604
P. 84
1789 – 1863
Während der franséischer Revolutioun ass Lëtzebuerg fest an
Habsburger Hand. Mir sinn mëttlerweil beim 3te Regent ukomm:
nom Maria-Theresia an hirem Jong, dem Joseph II., ass elo de
Leopold Keeser also och zoustänneg fir Lëtzebuerg, dat zu de
belsche Provënze gehéiert. Ënnert den Habsburger sinn eng Rei vu
Reformen, ënnert anerem an der Landwirtschaft, ëmgesat ginn. Et
kann een net behaapten, datt et de Lëtzebuerger esou schlecht geet
ewéi den Fransousen, éischter de Géigendeel ass de Fall. Duerch
d’Landreform däerfen d’Baueren hir Terrainen ofzéimen, an an den
Dierfer ginn et Gemeinschaftsterrainen wou d’ Leit kënnen fir sech
schaffen. Mee et ginn och negativ Punkten: si musse Steieren
bezuelen (an all nei Reform am administrative Beräich gëtt nëmmen
all ze gär an eiser Géigend ausprobéiert – och nei Steieren) an d’
Lëtzebuerger stellen iwwerduerchschnëttlech vill Zaldoten fir déi
verschidden militäresch Aktivitéiten zur Verfügung.
1793 erkläert Frankräich Däitschland de Krich an si zéien mat hiren
Iddien vun “Liberté, Egalité, Fraternité” an d’Welt eraus a besetzen
1794 (November) déi westlech Säit vum Rhäin, also och Lëtzebuerg.
Mee d’ Lëtzebuerger sinn vum revolutionäre Gedanken, dank de
Reformen ënnert den Éisträicher, net ze begeeschteren.
1794, an deem Joer wou Lëtzebuerg een Deel vum Département des
Forêts gëtt, gëtt déi éischt Musek zu Wooltz gegrënnt! Wéi ass et
dozou komm? Wooltz, mat sengen 2500 Awunner huet zu der Zäit
schonns 90 Industriebetriber, virun allem Gierwereien an
Wiewereien. Mir sinn nach net an der industrieller Revolutioun, an
d’ Aarbechtskonditioune si sécherlech net ëmmer perfekt. An awer
kommen déi Leit déi hei liewen a schaffen iwwert deen Niveau
eraus, wou et dorëms geet primär Besoinen ze erfëllen: si hunn
anscheinend genuch Iessen an een Daach iwwert dem Kapp, a
kënnen sech enger Aktivitéit zouwennen, déi do ass fir sech an
anere Leit Freed ze maachen. Dozou droen sécherlech och