Page 82 - testmergebrochureV0704_2
P. 82
Du bass erëm do....
Kee méi huet un dech geduecht.
am Alldag mir net gedoen uecht,
no all där laanger laanger Zäit
wo mir net méi mat dier gehäit.
Och wa mir all déi Joren
méi wéi zefridde woren,
hu mir oft dach eise Kanner séier
Märercher erzielt vun béisen Déier.
Zu Leideleng de Bauer nach geméit,
am Däischteren owes spéit,
stoungs du eleng um Bann
an hues gemaach wéi wann,
no all deene ville Joren ouni dech
wäit fort vun eis an engem anere Bësch,
mir net méi hätten un dech geduecht
an net méi géifen hale Wuecht.
Dann has de dech awer geiert,
ons Aen déi sinn nach gutt geschmiert,
alles wat eis friem mir gläich gesinn,
an halen et séier fest op engem Film.
An da gëtt d'Press gläich informéiert
an d' Ministère opgeréiert,
fir erauszefannen op et wouer ass,
villäicht huet nëmmen een eis ugeschass.