Page 85 - testmergebrochureV0704_2
P. 85

Hommage un eisen Eelste Member



















              Jean Steimes







            1914 zu Käerch gebuer huet de Jang, als Schoulkomerod vum Pier
            Kremer, sech dach als Stackleidelenger gefillt.  Nodeems hien mat
            sengem Bert bestuet gouf huet en d'Haus No 6 an der Hansegass
            (rue de la Gare) kaaft fir do e Stood ze grënnen a säi Liewen hei zu
            Leideleng ze verbréngen.

            Eng Selbstverständlechkeet war et fir de Jang der Fanfare St. Cecile
            bäizetrieden an sengem Hobby der Musek, déi en zu Käerch geléiert
            hat, nozegoen. No den Krichsjoren wou hien als Velosmechaniker zu
            Hollerech   op   der   Escherstrooss   geschafft   huet,   an   do
            d'Bombardementer vum Rangéierwierk Zwickau hautno erlieft huet,
            koum hien op d'ARBED als Reparaturschlesser.

            An eiser Museksgesellschaft war den Här Steimes ( oder den Monni
            Steimes fir déi méi Jonk ) e Mann vun der éischter Stonn. Hei hat
            hien säin eegent Instrument, e „Cor en Mib“.
   80   81   82   83   84   85   86   87   88   89   90