Page 83 - testmergebrochureV0704_2
P. 83
Wou dunn där Schof hu misse stierwen,
gerass si ginn aus hirem Liewen,
du wor s et, et ka keen Zweiwel ginn
keen anere kann et gewiescht soss sinn,
deen gemaach déi Dot déi grujeleg
hei zu Lëtzebuerg wou alles soss sou heemeleg.
Séier ginn elo d'Prouwen analyséiert
fir gewuer ze ginn, wien eis Rou do huet gestéiert.
No laangen Deeg koum d Nouvelle dunn,
et ass en, elo si mir nees ganz ellen drun.
Wat solle mir maachen dann elo
Oh méi, dat dote gëtt ganz schro
Solle mer hien nees erschéissen
kenne mer eist d Liewe nach genéissen
Polemik gouf gemaach duerch d'Land,
um Radio, Fernseh, Facebook, elo fäert erëm all Kand.
Zu Leideleng do si mer stolz, erfëllt vu Gléck
fir ons Feier vun der Musek do bass de zréck.
1893 verschwonnen, bass du nees opgedaucht
dech kuerz gewisen, vun der Rees geschlaucht ,
nees op de Wee gemaach fir een neit Doheem ze fannen
ze grënnen eng Famill a mat der Natur erëm nei ze plangen.
Du bass erëm do.
Wollef gëff eis kenn Plo.
© Guy Grosber 2018