Page 86 - testmergebrochureV0704_2
P. 86

1954 de Bicher no an d'Fanfare de Leudelange agetratt, wou hie
            virdrun awer schonns aktiv wor, huet net laang gedauert bis de Jang
            an de Comité gewielt ginn ass. 1962 huet de Jang d'Keess iwwerholl
            déi hien 1984 un den John Engler ofgetrueden huet.


            Och als Archivar oder „Jean Fait-tout“   huet hien sech en Numm
            gemaacht sief et fir d'Nouten ze klasséieren oder d'Material an der
            Rei ze halen.  Esou war hien dreiwend Kraaft wéi et geheescht huet
            een neien Musekssall an eegener Regie ze bauen, den 1961 feierlech
            ageweit   gouf.   Och   der   Musek   hiert   eegent   Festzelt,   fir  e   puer
            honnert   Leit,   huet   en   1971  mam   deemolegen   President   Théo
            Kollwelter geplangt a mat den Memberen vum Veräin gebaut.

            D'Holzkonstruktioun  heizou koum aus de  Leidelenger Bëscher an
            ass   vun   der   Gemeng   zur   Verfügung   gestallt   ginn.
            Eisenverbindungsstécker   goufen   zu   honnerten   gebéit   a
            verschweesst, Kiloweis Schrauwen an Neel goufen verschafft. Fir all
            Handgrëff hate mer en Handwierksmann an eise Reien. De Jang war
            den  A + O.


            Et waren schonn flott Zäiten wou Bëschfester ( déi éischt beim
            Fräiheetsbam   am   Grasbësch,   duerno   op  der   Escher   Strooss   am
            Ausgang   vu   Leideleng   )   an   Zeltfester   op   der   Strooss   wou   elo
            d'Crèche“ Petits choux“ steet, oder beim Musekssall an der rue du
            Lavoir gefeiert goufen, an iwwerall war de Jang den Éischten an de
            Leschten. Säi Moto op de Fester war: Jongen kaaft anstänneg Wuer
            fir z'Iessen an ze Drénken, net dass mer eis selwer krank maachen.

            E „Must“ war dem Jäng seng selwergemaachten Rousendrëpp déi
            een nëmmen bei besonnesche Geleeënheeten ze schmaache krut.
            Keng Tombola wou hien als geléierte Schlesser net Dosenden vun
            „fer-forgé“ Géigestänn hiergestallt huet.  Och seng Madamm d'Mim
            huet   am   Hannergrond   d'Fiedem   gezunn   an   hat   d'Soen   beim
            Schaffen iwwer d'Regiment vun de Fraen an der Musek.
   81   82   83   84   85   86   87   88   89   90   91