Page 87 - testmergebrochureV0704_2
P. 87
Wéi seng dräi Meedercher am Alter ware wou en Eedem an d'Haus
sollt kommen, hat och d'Georgette, dat Jéngst e klenge Frënd, an
dee koum enges Daags no engem Concert vun der Zolwer Musek
( wou hien engagéiert war) an d'Haus fir en Rendezvous. Wéi de
Jang voller Enthusiasmus dem Jong seng Musekskap erbléckt huet
war d'Hellegt perfekt an den Anens Roll krut net nëmmen
d'Georgette mee ass zanter 45 Joer en treien a respektéierten
Musikant an eise Reien.
1974 huet den Här Steimes d' „Section de marche de la Fanfare de
Leudelange“ gegrënnt, mam Gedanken e weideren Event an eis
Gesellschaft eran ze bréngen an esou eis Kees opzebesseren.
An dat mat Erfolleg, um éischte Marche waren nobäi 500 Wanderer
ageschriwwen. Esou ass deemools en Deel vun eise Musikanten, zb.
um Ausfluch op Lanaken un der Hollännescher Grenz, mat den
Instrumenter um Bockel déi 10 Kilometer getrëppelt fir op all
Kontrollpunkt e Ständchen ze spillen. 10 Joer méi spéit 1985 huet de
Grupp sech vun der Musek ofgeléist an en eegestännege Veräin,
d'Leidelenger Trëppelfrënn gegrënnt. De Jang war an deenen zwee
Veräiner voll engagéiert.
Wéi et mat den Aen net méi sou richteg goung huet den Jang sech
lues a lues aus den Aktivitéiten zeréckgezunn. Nom Doud vu senger
Fra Bert huet hien säi Stood nach eng reih Joren selwer gefouert, an
ass dunn awer 2009 op Bierschbech an d'Altersheim geplënnert wou
hien gutt versuergt gëtt. Dem Jängeli (wéi hien hei genannt gëtt)
säin Interessi gëllt och weiderhin der Leidelenger Musek. Wéi ass et
soss ze verstoen , datt wa Besuch kennt vu Famill a Frënn, seng
éischt Fro ass; „Wat maachen se an der Leidelenger Musek'' ?
Eng ganz besonnesch Freed wäerte mir him maache wa mer him zu
Éieren den 9. September dëst Joer e Concert op sengem 104.
Gebuertsdag am Blannenheem zu Bierschbech spillen.